That time of the year :)
De Weekend hate mir eise Stand um Mierscher Chrëschtmaart. Villmools Merci u jiddereen deen eis besiche komm ass!
We are back
Mir begréissen Iech ganz häerzlech op der OFFIZIELLER Homepage vum Mierscher Turnverain.
Aktuell si mir intensiv mat der Planung vun der neier Saison 2025/2026 beschäftegt. No de rezenten Entwécklungen an Schlagzeilen setzen mir eis aktiv fir eng transparent Kommunikatioun an eng nei Dynamik am Veräin an.
Eist Zil ass et, Vertrauen opzebauen an di zweet Chance ze notzen, fir de Verain ze erhalen – zesummen, mat Engagement a Leidenschaft fir de Sport an eis Turner'innen.
Wee si mir?
Eist Team, eise Comité
De Moment besteet de Comité aus 7 motivéierte Memberen – e puer scho gewielt, aner nach ze wielen – déi zesumme mat der Ënnerstëtzung vun zwee erfahrene Beroder alles drun setzen, fir de Veräin nei op d’Been ze stellen.
Mat deem wat erhale konnt ginn, plange mir realistesch a mat Verantwortung fir d’Zukunft. Eist Haaptzil ass et, de Kanner an hire Familljen, déi eis trotz de rezenten Entwécklungen trei bliwwe sinn, eng gerecht a qualitativ gutt Struktur ze bidden.
Gläichzäiteg wëlle mir och all deenen, déi duerch d’Verännerunge leider keng passend Grupp méi fonnt hunn an de Veräin hu misse verloossen, e ganz häerzleche Merci soen an hinnen alles Guddes fir de weidere sportleche Wee wënschen.
Zesumme mat Engagement, Transparenz an Respekt schaffe mir un enger neier Etapp fir de Mierscher Turnveräin.
Sectiounen
An enger éischter Etapp konzentréiere mir eis dorop, de Mierscher Turnveräin nei opzebauen. Fir d'Saison 2025/2026 starte mir mat Loisir-Gruppen, déi eng flexibel an inklusiv Struktur ubidden.
Mir sinn aktiv op der Sich no motivéierten Trainerinnen a Trainer, déi eis et erlaben, d’Offer un Aktivitéiten nohalteg auszebauen an weider Gruppen opzemaachen.
Eist Zil ass et, Schrëtt fir Schrëtt eng stabil Basis ze schafen, fir de Kanner eng qualitativ sportlech Betreiung ze garantéieren – mat Engagement, Transparenz an Zesummenhalt.
Eis Trainer
Bass du motivéiert a hues Loscht, aktiv un der Zukunft vum Mierscher Turnveräin matzewierken? Da gëff Deel vun eisem Team!
Mir sichen engagéiert Persounen, déi zesumme mat eis de Veräin nei opbauen an weider entwéckele wëllen. Ob als Trainer*in, Hëllefskraft oder mat aneren Kompetenzen – all Ënnerstëtzung zielt.
Mell dech bei eis a loosst eis zesummen e staarke Veräin fir eis Kanner an d’Gemeinschaft gestalten.
VILLMOOLS MERCI
E grousse Merci!
Et ass eis immens wichteg, e ganz häerzleche Merci un all déi Leit auszeschwätzen, déi eis och no allem, wat geschitt ass, weiderhin ënnerstëtzen.
Mir soen den Elteren Merci, déi mat hire Kanner zréckkommen, och wann de Veräin elo an enger ugepasster Form weiderleeft. Är Präsenz bedeit eis vill.
Besonnesch wëlle mir och den zwou Gemengen Merci soen, déi eis an der Summerpaus generéis gehollef hunn:
- Merci un d’Gemeng Miersch fir hir Ënnerstëtzung.
- Merci un d’Gemeng Helperknapp, ouni déi mir nach ëmmer kee Sall gehat hätten.
Mir wëssen all Hëllef a Solidaritéit ze schätzen a si ganz dankbar fir déi Ënnerstëtzung, déi mir kréien. Zesummen geet et virun!
Wells du dech umellen? Hei ass eis Wardelëscht
Scann de QR Code an fëll de Forms aus, an du kenns automatech op di richteg Wardelëscht.
Mir bieden iech em Gedold. Mir fëllen Gruppen op de Maximum op an kontaktéieren d'Léit vun der Wardelëscht der Reih no, wéi se sëch gemellt hunn, je no Platze wou frei sinn. Merci fir äert Verstees-de-mech.